Zolwer Adventsmäertchen

Gesond akafen – gesond liewen

Zolwer Adventsmäertchen

Eis Epicerie invitéiert Iech all häerzlech op eisen éischten Zolwer Adventsmäertchen. Den 1. Dezember um 14.00 Auer fann Dir an der Epicerie souwéi och an der Rue du Knapp lauter flott Stänn mat Kaddo- a Chrëschtdag Iddien.

Zu Mëtteg (12.00 – 14.00) zerwéiere mir Iech e festleche Menu, wou dir Iech elo schonn kennt e Plat reservéieren 26 59 44 23:

Gigue de biche 18.50 €
Rôti végan 12.50 €

De ganzen Dag erwaard Iech eng flott Ambiance

Um 17:15 Auer sangen HOT DADDY ‘ Suessem e flotte Gesangs-Concert.

Fir Iessen a Gedrénks ass wéi ëmmer beschtens gesuergt:
Flammkuchen, Gulasch Zopp, Chili Sin Carne (vegan), Käschten, Glühwäin, waarme Caipirinha, waarme Schocki, Kaffi, Softdrinks, Béier vum Faass, a villes méi

Den Entrée ass fräi 🙂