Den Eck deen net verpaakt ass

logo_newGesond akaafen – gesond liewen

Den Eck deen net verpaakt ass

Kenn dir dësen schonn ?

Dësen Eck an der Epicerie fann dir lenks niewen der Keess. Dëst ass e Rayon, wou dir all Liewensmëttel eenzel ze kafe kritt – souguer op de Gramm genau wann et muss sinn. Liewensmëttel ewéi Nuddelen, Gewierzer a Nëss sinn a zouen Behälteren, sou dass den Aroma och net dovun verluer geet. Aner Liewensmëttel ewéi zum Beispill Eeër, Geméis, etc sinn an Regaler ze fannen.

Wat ass de grousse Virdeel?

De Virdeel ass, dass dir:

  • souvill Quantitéiten respektive Grammen kafen kënnt, wéi dir se braucht;
  • keng onéidesch Liewensmëttel ewech geheit, déi dir zevill kaaft hutt;
  • keng Plastik Verpakungen braucht, soumat dir och keen Dréck mat heem huelt;
  • Spuert andeems dir just dat bezuelt, wat dir braucht;
  • mat ärem eegenen Glas kënnt heihin kommen, an Liewensmëttel doran afëllen kënnt – selbstverständlech huet Epicerie och Glieser fir iech zu Verfügung do stoen;
  • soumat och zu enger ökologeschen Alternative gräift.

Wat kritt dir am eenzelnen ze kafen:

Mir hunn eng Vilfalt vun Liewensmëttel, déi dir eenzel kënnt kafen:

  • Saisonal a regional Bio Geméis;
  • Saisonal a zum Deel regional Bio Uebst;
  • Oliven (schwaarz, gréng);
  • Getreide Wueren;
  • Nëss;
  • Gewierzer;
  • Kaffi;
  • Müsli;
  • Kären;
  • Théi;
  • Kéis;
  • Eeër.

Wéi funktionéiert den Eck?

Dir kommt an Epicerie mat ärem Glas/Glieser – falls dir äert vergiess hutt, kennt dir eent aus der Epicerie huelen. Dir gidd an Keess an loosst iech äert Glas wéien. Sicht iech är Liewensmëttel eraus, haalt Glas ënnert den Behälter an zaapt souvill dir braucht. An der Keess bezuelt dir just Liewensmëttel a net Glas. Dofir muss dir iech vir éischt an der Keess mellen. Bei Froen oder bei hëllef kenn dir ganz gären eis Mataarbechter froen. Klengen Tipp: an de Glieser, déi en Deckel hunn, hält sech Wuer méi laang frësch.

Geméis an Uebst kenn dir iech esou mathuelen oder dir maacht äert ganz Geméis respektive Uebst an eng eenzel Kartong Tut. Klengen Tipp: déi Kartong Tuten kennt dir méi wéi eemol benotzen. Bréngt des roueg sou oft mat, wéi se hiren Dingscht nach mëscht. Dono kenn dir se als Kompost Tute verwennen.

Fir d’Eeër stinn iech Kartong Eeërskëschten zur Verfügung. Klengen Tipp: Och hei kennt dir d’Këscht méi wei eemol benotzen a se roueg matbréngen fir opzefëllen.

Den Kéis an Oliven stinn am groussen Frigo. Eis Mataarbechter schneiden iech den Kéis, sou wei dir en wëllt, genau esou wei mat den Oliven.

Kommt laanscht luussen, et ass eng lass am Eck 🙂

Vrack

Bio uebstBIO Geméis