Frühstück & Kaffi a Kuch

logo_newGesond akafen – Gesond liewen

Frühstück & Kaffi a Kuch

Een gemittlechen Moien respektiv Nomëtten an Eis Epicerie zu Zolwer verbréngen? Ma kommt bis laanscht! 🙂

Eis aktuell Offer:

Start gutt an ären Dag eran mat der Formel:

  • “E gudde Start”; een Kaffi/Espresso/Téi mat engem Croissant
  • “E gudden Moien”; een Kaffi/Espresso/Téi mat enger Mëtsch (Schockelas Rull, Äppeltäsch, Streisel, Schneck, gefëllten Croissant)

Des Aktioun gelt just Moies vu 8 – 11 Auer.

Genéisst ären Nomëtten mat engem

  • “Nomëttes Kränzchen”; een Kaffi/Espresso/Téi an engem Stéck dréchne Kuch
  • “Nomëttes Pleséier”; een Kaffi/Espresso/Téi an engem Stéck Crème Kuch

Des Aktioun gelt just Nomëttes vu 15 – 18 Auer.

Eisen Kaffi ass Fairtrade.

Kaffi a Kuch II