Selwer gemaachte Limonad

eisepicerie_smallGesond akafen – gesond liewen

Iech ass et och ze waarm,

a braucht dringend eng Erfrëschung?

Mir ginn iech gesond Rezepter fir selwer gemaachte Limonad ze maachen. Dëst ass op jiddefall eng besser alternative ewéi gezéckert Gedrénks wéi Cola & Co.

Vill Zorte Gedrénks sinn voll mat Zocker oder kënstlech Zousetz. Selwer gemaachte Limonad a selwer gemaachten Eis Kaffi sinn besser Alternativen. Se sinn einfach ze maachen an enthale lecker Friichten a vill Vitaminnen – an et weess een genau wat dran ass. Ausserdem bestëmmt dir, wéivill Zocker dir an är Limonad maacht.

Heidelbier-Menz-Limonad

D’Saison vun den Heidelbieren ass Ufank Juli. Déi perfekt Zäit also fir eng selwer gemaachte Heidelbier Limonad. Gären kann een och gefruere Friichte benotzen.

Fir en halwer Liter Heidelbier-Mënz-Limonad braucht dir Folgendes:

  • 250 gr frësch (oder gefruer) Heidelbieren
  • Eng Hand voll frësch Mënz Blieder
  • 100 ml frësch gepresste Zitrounen Saaft (+/- 2-3 Zitrounen)
  • 20 bis 40 gr Zocker (dir bestëmmt Quantitéit)
  • +/- 300 ml Waasser

An esou geet et: Heidelbieren, Mënz, Zitroune Saaft an Zocker an e Mixer maachen an soulaang mixen bis Mass déck flësseg ass. Gären kenn dir och dofir e Stab Mixer huelen. Gemixte Mass duerch e renge Sift pressen, am beschten mat engem Schaber. Mat der Hëllef vum Schaber kritt dir de Rescht Flëssegkeet aus er Mass eraus. De gewonnene Jus mat Waasser vermëschen, souvill wéi et iech am beschte schmaacht. Gutt réieren a fäerdeg ass är selwer gemaachte Limonad. Mass, déi am Sift iwwereg bliwwen ass, kenn dir z.B. fir de Müsli oder en Dessert verwenden.

Äerdbier-Mënz-Limonad

Fir en halwer Liter Äerdbier-Mënz-Limonad braucht dir Folgendes:

  • 500 gr frësch (oder gefruer) Äerdbieren
  • Eng Hand voll frësch Mënz Blieder
  • 30 – 50 gr Zocker (dir bestëmmt Quantitéit)
  • 200 ml frësch gepressten Zitroune Saaft (+/- 3-4 Zitrounen)
  • 100 ml Waasser

An esou geet et: Zocker a Waasser an eng Kasseroll maachen an op mëttlerer Stuf erhëtzen. Mat engem Schnéibiesem sou laang réieren, bis den Zocker sech opgeléist huet, sou entseet en einfache Sirop. Soubal Mass ufänkt, ze kachen, dann vun der Kach Plack huelen an 10 Minutten ofkille loossen.

Äerdbieren an Mënz an de Mixer maachen (och hei kennt dir e Stab Mixer huelen) a soulaang püréieren bis eng homogen Mass entseet. Zitrounejus a Sirop ënner réieren bis alles gutt vermëscht ass. Elo kennt dir Limonad kal zerwéieren.

Eis Kaffi ouni Zocker

Kale Kaffi kann ee gutt mat frëscher Mëllech, Soja- Mandel- oder aner Pflanzlëch Mëllech verfäineren.

Variant vun engem Eis Kaffi besteet zan einfach aus kalem Kaffi an Eis Stécker. Daat ass méi gesond géi Kaffi Gedrénks aus dem Kill Regal an enthale keen Zocker, keng verdéckungs Mëttel. Wann dir direkt eng gréisse Quantitéit wëllt hierstellen, kenn dir de Kaffi roueg e puer Deeg am Frigo lageren.

Fir en Liter brauch dir:

  • 200 gr Kaffi (grob gemuelene Kaffi eegent sech am Beschten. Deen eng Kaffi Millen doheem huet, muelt de Kaffi am beschten selwer)
  • 1 L Waasser

De Kaffi mam Waasser an e Krou maachen an Nuets iwwer zéien loossen. De nächsten Dag muss dir Mass filteren – a schonn hutt dir Grond Lach fir en leckere Eis Kaffi.

Limette-Mënz-Limonad

Grond laach vu selwer gemaachte Limonad ass Mënz Sirop. Dovunner kenn dir och roueg méi maachen, dësen hält sech bis zwou Wochen a schmaacht a klenge Quantitéiten am Waasser ganz gutt.

Fir en halwer Liter Limette-Mënz-Limonad braucht dir Folgendes:

  • 250 ml Waasser
  • Eng Handvoll frësch Mënz
  • 200 ml frësch gepresste Limette Saaft (+/- 5 Limetten)
  • 30 gr Zocker (dir bestëmmt Quantitéit)
  • Bëssen Saaft vun enger Zitroun
  • Fir ze garnéieren, frësch Mënz Blieder an 2-3 Limettescheiwen an Eis Stécker

An esou geet et: 100 ml Waasser mam Zocker an Mënz an eng Kasseroll ginn an op mëttlere Stuf erhëtzen bis den Zocker sech opléist. Dono nach kuerz kache loossen an Mass dono ofkille loossen.

Mënz Blieder aus dem Sirop, deen dir grad gemaach hutt, eraus huelen. De Sirop, d’Waasser, d’Limette- an Zitroune Saaft zesumme schëdden an gutt vermëschen. Dono kennt alles fir eng Stonn an de Frigo. Ier dir Limonad zerwéiert, nach eemol kräfteg réieren, Eis Stécker, frësch Mënz Blieder an Limette Scheiwen dozou ginn an fäerdeg.

Eis Téi:

Fir 4 Portiounen Eis Téi braucht dir Folgendes:

  • 50gr Ingwe Wuerzel
  • 2 Zitrounen
  • 2 iess Läffel schwaarzen Téi
  • Flëssegen Hunneg
  • Eis Stécker

An esou geet et: Ingwer Wuerzel schielen an a reng Scheiwen schneiden. Zitrounen waarm wäschen dono dreschnen an och an Scheiwen schneiden. An eng grouss Fläsch beider afëllen.

Den Téi mat 1L kachendem Waasser vermëschen an 3 Minutten zéien loossen. D’Waasser dono passéieren an en zesummen bei den Ingwer an Zitroune Scheiwen schëdden.

Mëschung ofkille loossen an nach emol passéieren. Elo just nach Hunneg an Eis Stécker dobäi schëdden an prett ass ären Eis Téi fir ze zerwéieren.

Mir hoffen mir konnten iech mat eise Rezepter bessi ofkillen 🙂

Te