GESOND AKAFE – GESOND LIEWEN
An der Epicerie kritt dir schonn laang dëse Produit ze kafen. Mir wëllen iech deen awer elo méi am Detail virstellen an erklären:
De Seefenatelier ass ee vun den éischten Atelieren vun der Yolande Coop. E befënnt sech um Site vum Institut St Joseph zu Betzder. Di behënnert Mataarbechter produzéieren a verpaken di ganz Seefen an dësem Atelier deen ë bëssi wéi e Labo ausgesäit. All hier Produite ginn et an enger Vilfalt vu Faarwen an Dofter a sinn ideal fir den alldeegleche Gebrauch. All d’Inhaltsstoffer vu Gildewerk kommen aus nohalteger an artisanaler Produktioun a ginn net op Déiere getest. De Seefenatelier schafft no den aktuellste lëtzebuergeschen Hygienesnormen. Weider Informatiounen fann dir op hierem Internetsite: http://yolandecoop.lu/lu/seefenatelier/
Mir hunn vum Atelier folgend Produkter:
- Handseef vun 1L am Geroch: Lavande, Tommy, Zitrusfrüchte, Pharo, Zirtonenverbene
- Handseef vun 250 ml am Geroch: Pharo, Vitamine E, Zitronenverbene, Lavande Supreme, Zitrusfrüchte
- Duschgel vun 250 ml am Geroch: Kokos, Zitrusfrüchte, Zitronenverbene, Pharo, Vitamine E ohne Farbstoffe & ohne Parfum, Lavande Supreme
- Shampoo 200 ml am Geroch: Aqua, Tommy, Zirtusfrüchte, Zitrnonenverbene, Pharo, Neutral, Lavande Supreme