Ouschteren

Ouschteren

Wei dir wësst steet Ouschteren gläich virun der Dier.

Mir ginn iech dofir e puer Tipps, wéi dir är Eeër mat natierlechen Liewensmëttel kennt fierwen.

Wichteg: Ier dir är Eeër kacht, wäscht dës grëndlech mat Esseg Waasser, sou huelen d’Eeër besser d’Faarf un.
Klengen Tipp: am beschten Eeër vun fräi lafenden Hinger huelen (kritt dir an der Epicerie ze kafen). Des Schuel ass méi deck a kräfteg an Farw gréift besser.

Zesummen mat den folgenden Liewensmëttel är Eeër 10 Minutten am kachende Waasser kachen.

Fir verschidden Faarwen ze kréien huelt folgend Liewensmëttel dofir:

Rout Faarftoun: rout Rommelen; rout Kabes Blieder
Blo Faarftoun: Holunderbieren
Hellgréng Faarftoun: Brannesselsblieder; Holunderblieder
Gréng Faarftoun: Spinat
Brong: Schuel vun der rouden Zwiwwelen; Kaffi
Orange: Muerten (Wuerzelen)

Probéiert et aus et mescht iech sécherlech Spaass 🙂

Natierlech kenn dir gefierften Eeër och bei eis an der Epicerie kafen. Mir hunn des mat rouden Rommelen an Schuelen vun rouden Zwiwwelen gekacht. Gesitt selwer op der Foto.

Gesond akafen – gesond liewen