Nohaltege Schoulufank

logo_newGesond akafe – gesond liewen

Nohaltege Schoulufank

Hefter a Stëfter ouni Gëft kafen

Ier d’Schoul nees ugeet, ginn vill Schüler mat neiem Schoul Material ausgestatt. Sief dat mat Stëfter, Hefter, Rucksäck an weider Artikelen. Mëttlerweil ass doraus e grousse Marché entstanen, dobäi stellen déi meescht Hiersteller bëlleg Wueren hier, déi ganz schnell futti ginn, an deemno wéi Schiedlech an net ëmweltfrëndlech sinn.

Mir ginn iech Tipps, wéi dir den Schoulufank nohalteger gestalten kënnt:

Recycléierte Pabeier mat Sigel:  Haut zu Dag muss kee Bësch méi ausgerottet ginn, soulaang een Recycléierte Pabeier benotzt. Dësen ass schonn laang net méi gro a kann soumat ouni Problem mam Pabeier mat frëschen Faser mathalen. Einfach Bezeechnungen wéi “Recycling Pabeier” oder “Ëmweltschutz Pabeier” sinn allerdéngs net geschützt: Passt dowéinst op, dass e Recycling-Pabeier-Sigel drop steet.

Schnellhefter, Classeure a Farden: Schnellhefter, Classeuren a Farden kritt een mëttlerweil och am Recycléierte Kartong a Pabeier. Dës ginn et a ganz flotte Faarwen a Musteren.

Bezuch fir Hefter: Déi meescht Schüler paken hier Hefter an Bezich aus Plastik an. Fir op de Plastik ganz ze verzichten gëtt et eng ganz gutt Alternative: Recycléierten Kartong Bezuch. A verschidde Faarwen kritt dir dës Bezich fir är Hefter. Deen et gären bont huet, kritt och Bezich mat Muster ze kafen.

Stëfter ouni Gëft, Spëtzer an Gummien: Net nëmmen beim Schoulufank mee och dono knaen Schüler gären un de Stëfter, dat ass einfach esou. Vermeit dofir Stëfter déi aus lackéiertem Holz sinn – des kënnen beim ofbliederen vum Holz vill Schied Stoffe fräisetzen. Net lackéiert Holz Stëfter sollen am ëmweltfrëndlechste sinn. An deenen méi héijen Klassen sinn Minne Bläistëfter sënnvoll, well des vill méi laang halen an hei just eng Minn muss ersetzen.

Faarweg Stëfter gëtt an d’Kategorie “Spillsaach” agestuuft, dowéinst ass et empfehlenswäert op en Sigel opzepassen wéi zum Beispill den “FSC-Sigel”.

Am Fall wou äre Bläistëft schonn quasi um Enn ass, kenn dir op Stëft Verlängere gräifen. Sou kënn dir de Bläistëft bis ganz zum Schluss benotzen. Hëlzen Spëtzer aus Holz oder Metall halen éiweg, am Géigendeel zu Plastik Spëtzer. Och nohalteg Gummien ginn et. Dës sinn aus “Naturkautschuk” mam Hiweis “PVC-fräi”. Beléift bei de Schüler sinn Gummien mat Geroch – mat dëser Chimie well een seng Kanner léiwer net austatten.

Weider Tipps

  • Wues Stëfter aus Beiewues déi am Pabeier agepak sinn, si ganz ok, ganz am Géigendeel zu Wues Stëfter mat Plastik. Dës verursaachen vill Plastik also Dréck.
  • Stëfter mat Geroch sinn ganz beléift, sinn awer wéinst den synthétesche Doft Stoffen éischter ze vermeiden.
  • Tuschbice enthalen Léisungsmëttel, virun allem déi Waasser fest sinn. Am beschten d’Alternative huelen an op Tuschbice déi op Basis vu Waasser sinn zeréck gräifen.

Füllfieder a Bic: Füllfieder oder Bicer si beléiften Artikel bei de Schüler. Passt beim Kaf op dass dir PVC fräi Modeller kaaft oder dir Modeller aus Holtz kaaft. Füllfiederen mat engem Tank a Bicer wou een Minn kann wiesselen sinn ëmweltsfrëndlecher.

Weider Tipps:

  • Tintenkiller sinn wéinst chemescher Inhalt Stoffe problematesch an zugläich bestinn se aus Plastik. TIPP: Och Gummien kënnen Tënt ewech maachen (dat blot um Gummi).

Rucksäck: Rucksäck kritt dir am pflanzlesche Lieder ze kafen a sinn ökologesch méi Sënnvoll als déi aus Konscht Stoff. Passt dobäi op dass de Rucksak net ze schwéier ass, dass en verstellbar Gurten huet an Reflekteren fir Sécherheet op der Strooss.

Schachtelen: Déi meescht Schachtelen bestinn aus Plastik an enthale oft Saachen dran, déi Schüler net brauchen ergo gläich an Poubelle geheit. Alternative sinn Schachtelen mat engem stabillen Stoff (Léngent oder Bio Bam Woll) oder aus pflanzlesche Lieder.

Lineal: Lineale aus Holz halen vill méi laang ewéi déi aus Plastik. Lineale aus Holz mat enger Metall Schinn halen méi laang fir Präzisioun. Iergendwann brauch en dann och en Geodréieck. Des kritt een leider net am Holz mee am Bio Plastik.

Pesch: Pesch mam Hiweis “ouni Léisungsmëttel” oder “Léisungsmëttelfräi” kann ee verwenden. Passt dofir op op geféierlech Symboler mat enger Flam. Dës enthale nämlech Léisungsmëttel.

Fazit: De Schoulufank geet och nohalteger 🙂

An der Epicerie kritt dir och verschidden Artikele (Schoul oder Büro) déi all nohalteg sinn. Kommt roueg laanscht a kuckt iech eisen Eck un 🙂

Schoul Ufang