Mir veräppelen iech … net :)

logo_newGesond akafen – gesond liewen

Eis Epicerie invitéiert iech häerzlechst op eisen zweeten After Work
“Mär veräppelen iech … net :)”

Wéini:                    Freides, den 4. November 2016

Wou:                     @ Epicerie vun 16 Auer – 19 Auer

Iech erwarden vill Leckerreien ewéi eise selwer gepresstene Viz, eis selwer gemaachten Bowlen (fir Grouss a Kleng), lëtzebuergeschen Cider, eis Happy Hour, lecker Degustatiounen a vill méi…
Fir gutt Stemmung ass gesuergt 🙂
Kommt also laanscht an drénkt mat eis e Patt a feiert mat eis an de Weekend eran.
Mir freeën eis op äre Besuch 🙂

affiche-mir-verappelen-iech-net