Il Bergamotto

Gesond akafen – Gesond liewen

Il Bergamotto

Ganz nei an der Epicerie hunn mir elo Produkter vun Il Bergamotto.

Il Bergamotto ass eng nei lëtzebuergesch Firma déi sech op d’ Zitrusfruucht Bergamote spezialiséiert a produzéieren domat ganz lecker Produkter.

Zitrusfruucht Bergamote huet en eenzegaartege Parfum a Geschmaach a wiisst a Süd Italien. Fir d ’Gesondheet vum Mënsch ass Fruucht gutt gëeegent, well se de Cholesterol am Kierper senkt an hëlleft géint Muskel a Schanke Problemer. Hire Vitamin C, B1 a B2 ass ausserdeem och ganz gesond fir de Kierper.

Méi iwwert des Zitrusfruucht an Produkt fann dir op folgendem Internetsite: http://www.bergamottogiordano.com/pages/nosproduits/la-bergamote-et-lesjus.html

An der Epicerie kritt dir folgend Produkter vun der Mark Il Bergamotto ze kafen:

  • GRAPPA Al Bergamotto 50 cl
  • BERGA SPINA Liquore Di  Bergamotto Calabrese 75 cl
  • BERGA CREM Crema di Liquore Al Bergamotto Calabrese 75 cl
  • MARMELLATA DI BERGAMOTTO Gelée de Bergamotte 220 g
  • BERGOTTO Jus gazeux de Bergamotte 20 cl
  • SUCCO DI BERGAMOTTO Jus de Bergamotte pur 100% 20 cl
  • OLIO ESSENZIALE DI BERGAMOTTO Huile concentré alimentaire 10 ml
  • FETTE DI BERGAMOTTO ESSICCATE Bergamotte seché 15 g

Liqueuren souwéi Jus’en stinn och bei eis am Bistro op der Kaart.