Eng Spent géint den Honger a géint Verschwendung

eisepicerie_logoGesond akafen – gesond liewen

Eng Spent géint den Honger a géint Verschwendung

Am Kader vum Projet KaffiKaddo kennt dir an der Epicerie e gudde Geste maachen andeems dir engem hëllef bedürftege Mënsch eng grouss freet mat enger waarmer Moolzecht oder eppes fir Iessen maacht.

Bei engem Kaaf vun engem Kaffikaddo Becher mat Kaffi fir 7 € spent dir automatesch e Kaffi / Théi / waarm Zopp

affiche

Nierwend dësem Projet kenn dir an der Epicerie eng Spent fir eng waarm Moolzecht bis hinn zu Iesswueren maachen:

Iech ass iwwerlooss, wat dir Spent – op eng waarm Moolzecht ewéi eise Menu du jour, eng waarm Zopp etc bis hin zu Iesswueren wéi Brout, Mëtschen, Charcuterie, Uebst, Geméis etc Alles wat gespent gëtt, gëtt op eiser Pinnwand annoncéiert wou déi hëllefs bedürfteg Leit gesinn, wat si sech kennen mathuelen. Net nëmmen dat: Eis Epicerie geet perséinlech mat den gespenten Iesswueren bei Hëllefsorganisatiounen laanscht fir des ze verdeelen.