Gesond akafen – gesond liewen
Bio Limonad a Béier aus der Riedenburger Brauerei
Säit 1866 schonn gëtt et d’Brauerei Riedenburger aus Bayern an ass en Familljebetrib dee vill Wäert op d’Ökologie a Nohaltegkeet leet.
D’Brauerei huet e verantwortlechen Ëmgang mat natierlechen Ressourcen , mëscht konsequenten Ëmweltschutz a setzt sech fir den regionale Handel an Ënnerstëtzung vun der klénge Bauerebetriber an. E Konzept wat also voll a ganz bei “Eis Epicerie” passt.
“Pure” ass eng gebraute Limonad op Basis vu fermentéiere Spelz-Malz, gemaach aus Bio Friichten a verfeinert mat natierlecher Agave. All Limonad ass biologesch an ouni Faarfstoff, Alkohol an Zousätz.
An der Epicerie kritt dir 3 Zorten (0,33l) vun dëser Limonad:
- Rubbarb mat schwaarze Kréischel
- Batter Orange
- Kiischten mat Aronia
Am Sortiment hu mir och zwou Béier Zorten (0.33l):
- Dolden SUD – En Bavarian India Pale Ale
- Riedenburger alkoholfrei naturtrüb
Loosst Iech dës biologesch Erfrëschungen net bei deenen sonnegen Deeg entgoen 🙂