Mammendag

Gesond akafen – gesond liewen

Mammendag

Mammen leeschten Groussaarteges. Eigentlech misst ee senger Mamm dofir all Dag em den Hals falen, se këssen oder hinnen soen, wéi gär een si huet. Maach Dir dat net, ergëtt sech d’Geleeënheet dat op Mammendag nozehuelen an dat den 10. Juni 2018.  Hei fann Dir e Puer nohalteg Geschenk Iddien déi Dir bei eis an der Epicerie kritt:

Besser akafen

Plastik Tuten sinn schlecht fir d’Ëmwelt, dat weess bal Jiddereen. Dëse Kuerf ass net nëmmen ideal fir akafen ze goen mee och nach praktesch fir e Picknick Trip oder als verstau Kuerf fir Doheem.

Fairschenk Corbeille

Maacht net nëmmen ärer Mamm eng Freet mee och Baueren a Feld Aarbechter déi hannert dem Geschenk stinn. Eng grouss Vilfalt vu faire Produkter fann Dir bei eis an Dir kennt Iech d’Corbeille esou gestallte wéi se Iech gefält.

Natierlechen Doft

Fraen fleegen sech gären a leeën Wäert op hier d‘Äussert. Eng Vilfalt vu natierleche Seefen, Crèmen, Ueleger a villes méi fann Dir an eisem Beauty Rayon. Des sinn all ouni Déiereversich, wat immens wichteg ass.

Schockela mëscht Mammen glécklech…

An dat ass souguer medezinesch bewisen, well Kakao Stoffe enthält, déi glécklech maachen.

Iessen zu zwee

Lued är Mamm op e lackert Iessen an, sou brauch si net ze kachen an Dir verbréngt Zäit mat hir. An der Epicerie hutt Dir d’Méiglechkeet, e flotte Iess Bong ze verschenken.

Eng gutt Fläsch

Fir beim Iessen, beim Apero, beim Dessert oder bei aner Geleeënheeten bitt sech gäre mol eng gutt Fläsch Wäin oder Schampes un. A well et net ëmmer muss mat Alkohol sinn, huet d’Epicerie ganz nei elo och Alkohol fräie Wäin.

Mir wënschen de Mammen all e schéine Mammendag 🙂