Berdorfer Äppelkëscht

logo+text_schwarz_mat kreesBei eis dréint sech alles ëm den Apel.

Matzen am nei gegrënnten Naturpark Mëllerdall läit Berdorf, een Deel vun der klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Den Grondsteen fir eisen Betrib gouf 2007 geluecht, wou mir wei all Joer Viz fir den Hausgebrauch gepresst hunn, es awer méi kruten, wei gebraucht. Mam Iwwerschoss hunn mir doropshin probéiert mat Methoden wei bei den Wënzer ugewannt, een Wäin ze maachen. Den Loun fir des Aarbecht wär de Bléck an d’Gesichter vun de Leit, nodeems si déi éischt Schlupp geholl haten.

Deen éischten Äppelwäin koum zu stan, deen an den kommenden Joeren zu engem festen Bestanddeel sollt ginn. Sou entstan 2014 d’Berdorfer Äppelkëscht, wou mir mat vill Spaass an Begeeschterung naturbeloossen Produkter aus regionalen Äppel produzéieren.

Wei sou oft , sin et déi einfach Saachen, déi am beschten schmaachen: Äppel aus der Regioun, zur richtegen Zäit gesammelt, an schounend weiderverschafft.

Kontakt:
Berdorfer Äppelkëscht
Ben Vrehen
75, rue d’Echternach
L-6550 Berdorf
Tel: 00352 / 621 55 47 69
info@aeppelkescht.lu
www.aeppelkescht.lu