Amaach Glieser

logo_new

Amaach Glieser

An all Haushalt stinn eidel amaach Glieser, déi emol mat Gebees, Mais, Moschter, Brout Opstrëch, Tomaten Sauce oder Babybräi gefëllt woren. Fir de Glas Container sinn des vill ze Schued! Et ginn vill Méiglechkeeten, des Glieser weider ze benotzen. Hei sinn 12 Iddien:

Ween versicht Plastik fräi ze liewen, gräift ganz schnell op d’Alternative vu amaach Glieser anstatt vu Plastik Dousen oder géfréier Beutel. Och Hobby Käch wëssen amaach Glieser ze schätzen an DIY-Fans souwéisou. Hei fann dir 12 kreative Methoden, déi dir verwennen kennt:

  1. Liewensmëttel afréieren:

JO, amaach Glieser kann een tatsächlech benotzen fir Saachen anzefréieren. Am beschten hellt een dofir méi déck Glieser mat grousser Ëffnung. Wichteg ass, d’Glas net all ze voll ze maachen. Et soll schonn Platz uewen bleiwen. Am beschten stellt een d’Glas an d’Tru ouni Deckel, dësen mëscht een eréischt drop, wann Wuer gefruer ass. Probéiert et emol aus!

I

  1. Luten Deko:

Schnell Deko fir Sommerparty’en: eidel amaach Glieser als Käerzenhalter zum Beispill. Einfach en Drot em d’Öffnung maachen an ophänken. Käerz oder en Téiliichter op de Buedem vum Glas stellen a fäerdeg ass D’Lut. Selbstverständlech kennt dir des och einfach op den Dësch stellen oder op äert Fënsterbriet. Wann dir d’Lut op Terrass stellt, kennt dir Zitroune Käerzen an Glas maachen, sou kommen och keng ongeluede Gäscht, wéi Musticken, op Besuch. TIPP: Solar Luten kënn dir och an Glas maachen.

2

  1. Mëttegiessen To Go!

Ween braucht schonn en Iessen wat am Plastik verpak ass wann een säin eegent Iessen selwer mathuelen kann? An engem groussen amaach Glas léisst sech Iessen praktesch transportéieren: Vun Zaloten iwwer Zoppen bis Müsli.

3

  1. Dessert am Glas

Praktesch all Dessert oder vill Kuch’en kann een ganz einfach am Glas maachen – léist sech gutt transportéieren a gesäit um Dësch och nach richteg schick aus. Ausserdem ass e Kuch am Glas, eng flott Iddie fir e Kado.

4

  1. Gewierzer lageren

Dëst gesäit schéin aus an ass besser wéi se a Plastik Dousen ze halen. Gewierzer a Kraider einfach an amaach Glieser fëllen. Dat mëscht virun allem Sënn, wann dir äert Gewierz/Kraider am Gros kaaft oder onverpak kaaft oder är Kraider/Gewierzer selwer dréchent.

5

  1. Plasteline selwer maachen!

Plasteline ass eng flott Spillsaach fir Kanner. Si kennen Formen maachen, ganz no hire Virstellungen an kennen dëst ëmmer erëm benotzen. Plasteline kenn dir an en amaach Glas maachen a soumat verdréchent en net. Hei nach en Tipp, wéi een Plasteline selwer maachen kann. Klickt einfach op folgende Link: http://www.smarticular.net/essbare-spielknete-fuer-kinder-selbermachen-ohne-kochen/

  1. Mat Zosen fëllen

Zosen selwer maachen ass ganz einfach wéi z.B. Pesto, Zopp etc. Dëst bléift ganz frësch an engem amaach Glas. Einfach afëllen an an de Frigo stellen.

  1. Drénk Glieser

Héich amaach Glieser, vun Tomaten Saucen oder Oliven zum Beispill,  kann ee super als drénk Glas verwennen. Zum Beispill kann ee selwer gemaachte Smoothies an Glas maachen an mat op de Wee huelen. Natierlech ginn et ganz vill Alternative.  Äre Choix also wat dir vu Gedrénks an d’Glas maacht.

6

  1. Blumme Vase

Amaach Glieser kënn dir och als Vase benotzen. Gesäit flott aus an dir hutt erëm eng Verwäertung fir en Amaach Glas. Tipp: wann dir frëschen Lavendel an amaach Glas maacht, hält iech dat vun Insekten ewech.

  1. Eer kachen

Poschéiert Eeër och verluerent Ee genannt kacht een normalerweis ouni Schuel am Waasser. Et kann een awer och e kleng amaach Glas huelen. Einfach en Ee an Glas schloen an a Waasser stellen a kachen. No 8-10 Minutten misst d’Ee perfekt gekacht sinn. Lo kann een d’Ee entweder aus dem Glas huelen oder et eraus huelen an op en Teller maachen.

  1. Klenge Chrom verstauen

Egal ob am Buedzëmmer oder an der Kichen oder am Handwierk Zëmmer: eidel amaach Glieser sinn praktesch fir klenge Chrom ze verstauen.

  1. Tomaten Sauce akachen

Eng besser Alternative zu Tomate aus der Dous si selwer gemaachten Saucen: Am Summer frësch Tomaten selwer kachen an dëst an amaach Glieser afëllen an afréieren. De ganze Wanter kenn dir dovun iessen an dir kennt är Portioun sou afëllen sou wéi dir wëllt.

7