Signéierstonn & Kachcours mam Anne Faber

eisepicerie_logo

Gesond akafen – gesond liewen

 

Signéierstonn & Kachcours

“Anne’s Kitchen”

Eis Epicerie invitéiert iech häerzlech op eng Signéierstonn an e Kachcours mam Anne Faber (Anne’s Kitchen) den 19. Dezember 2016.

Programm:

18h – 19h Signéierstonn

Loosst iech äert Buch perséinlech vum Anne Faber signéieren.
Wien dat 3. Buch “Home Sweet Home – My Luxembourg” nach net huet, kann sech eng Versioun op Däitsch oder Englesch an der Epicerie kafen.

Wien onbedingt schonn virdrun dem Anne säin Buch well kafen, kann dat ab haut an der Epicerie maachen!

19h Kachcours – 12 €

Zesummen kachen mir mam Anne seng Indesch-Lëtzebuergesch Lënsenzopp & Naan Brout
Fir um Kachcours deel ze huelen MUSS dir iech umellen.
Dëst kenn dir iwwer Telefon +352 26 59 44 23 oder per E-Mail gerance.eisepicerie@sanem.lu maachen.

Platze sinn limitéiert

Mir freeën eis 🙂

affiche-annes-kitchen-op-besuch