Préface vlu

“Eis Epicerie Zolwer”

eng konkret Äntwert op gemeinsam Erausfuerderungen.
Nodeems dëse Projet mindestens 10 Joer an de Käpp vu verschiddene politeschen a sozial engagéierten Akteuren aus der Gemeng Suessem ronderëm geschwieft ass, a no villen Hürden, si mer frou an houfreg endlech kënnen de Projet “Eis Epicerie Zolwer” ze lancéieren. “Eis Epicerie Zolwer” ass déi éischt Epicerie Solidaire fir jidderee mat iwwer 1000 biologeschen, lokale resp. regionalen an/oder faire Produkter zu raisonnabele Präisser.

E Konzept dat vun der Asbl EcoSol – Sanem ausgeschafft a vun der Kooperative
EpiSol – Sanem konkretiséiert gouf an dat a Collaboratioun mat der Gemeng vu Suessem, dem Office Social, dem CIGL, dem Reseau Sozial Affair an notamment Co-labor. Et ass eng Kooperative gegrënnt ginn, fir d’Prinzipien an d’Wäerter vun Demokratie a Biergerpartizipatioun ze stäerken an domat déi interesséiert Leit ze encouragéiere Membre Coopérateur ze ginn. De Membre Coopérateur ënnerstëtzt de Projet, deen als Ziler huet eng Alternative ze sinn fir en iwwerméissegt Konsumverhalen, e soziaalt Netz opzebauen an och a virun allem eng sozial a solidair Quartiersepicerie ze sinn. Mär hunn eng Präispolitik entwéckelt fir jidderengem eng gesond Ernährung ze erméiglechen zu soziale Präisser. Et kann een de Projet och ënnerstëtzen andeems een zum Beispill en Don mécht a Form vun engem “Iesskuerf” oder als Membre Donateur.

Eise Projet dréit zur Diversitéit an dem sozialen Zesummenhalt bäi. Mär schafen e Raum fir den Austausch tëscht eisen Awunner mat engem Bistro mat klenge Menuen, engem Raum fir Formatiounen, “ateliers découvertes”, déi kënne vu lokale Veräiner oder soss intersséierte Leit ugebuede ginn, fir hiert Wëssen aneren ze vermëttelen. “Eis Epicerie Zolwer “ huet seng Dieren de 6. Juni 2015 opgemaach an ”d’Aventure” geet elo eréischt un: eis Epicerie gehéiert Iech an eis a jiddereen dréit zum Erfolleg bäi. Ouni dat grousst, aktiivt Engagement vun de Membere vum Conseil d’Administration vun der Asbl EcoSol – Sanem an der Coopérative EpiSol – Sanem, ouni d’Hartnäckegkeet vun der ganzer Equipe, wär dëse Projet näischt ginn.

Mär soe jidderengem vun Häerze Merci, jidderengem dee seng Zäit a säi Wësse mat eis gedeelt huet. Mär lueden Iech an eis besichen ze komme fir “Acheter autrement – Anescht akafen”, fir de Choix ze hunn lokal ugebaute Produiten ze kafen, “de la terre au panier”, also vum Buedem an den Akafskuerf. Dëst garantéiert Iech datt där wësst wat där iesst “savoir ce qu’on mange”, an datt där d’Méiglechkeet hutt, lokal Aarbechtsplazen ze ënnerstëtzen, andeems der Produkter aus protegéierten Ateliere kaaft wéi z. Bsp e Schokla, d’Gebees, d’Brout an d’Mëttschen, mä awer och aus Beschäftegungsmoossnamen, wéi d’Uebst an d’Geméis vu Co-Labor. Sprangt bis eran a verweilt eng Zäitchen mat eis bei engem lokale Béier, engem Glas regionale Wäin oder bei enger gudder Taass fairtrade Kaffi an eisem Bistro “Meet&Greet” an dann huele mer zesummen d’Entscheedung fir “bewosst akafen – gesond liewen” .

José Piscitelli President EcoSol – Sanem Asbl Myriam Cecchetti Presidentin EpiSol – Sanem S.C.


An Europa breeden sech sozial Ongerechtegkeeten ëmmer méi aus an och Lëtzebuerg an eis Gemeng bleiwen dovu net verschount. Als Gemengeverantwortlech wëlle mer d ‘Liewensqualitéit vun eisen Awunner grouss schreiwen a jidderengem erméigleche respektvoll mateneen a beieneen ze liewen.
Déi Verantwortlech vum Office Social, vum CIGL , vun der Gemeng Suessem an aner engagéiert Leit hu sech zesummefonnt fir e gemeinsamen Dram: Jidderengem den Zougang zu enger gesonder Ernährung ze schafen an dat zu abordabele Präisser an ouni Stigmatisatioun vu Leit mat klenge Gehälter.

En Dram jo, mä ass e realisabel? Dëst Engagement ass den Ursprong vum Projet “Eis Epicerie Zolwer” déi seng Dieren de 6. Juni 2015 an eiser Gemeng, no bei der Place de l’indépedance , 2 rue du Knapp zu Zolwer, opgemaach huet. Dësen Dram war nëmme méiglech duerch d‘Hëllef an d’Mobilisatioun vun engem Réseau vu lokale Produzenten an Acteuren vun der Économie sociale a solidaire, deenen hir Produkter an eiser Quartiersepicerie erëmzefanne sinn.

D ‘Zil ass eng Plaz ze hunn, wou eng sozial Mixitéit méiglech ass an deem een jidderengem erlabt, biologesch, lokal a fair Produkter ze kréien an doduerch de lokalen Handel ze ënnerstëtzen an och Aarbechtsplazen ze schafen. De Solidaritéitsgedanken ass en zentrale Punkt an dësem Projet an ech deelen dës Prinzipien an ënnerstëtzen dësen Dram, deen et erméiglecht huet den innovative soziale Geescht an eiser Gemeng ze encouragéieren.Et gi sécherlech schonns eng Rëtsch Léisungen fir géint déi sozial Ongerechtegkeeten hei am Land a ronderëm ze reagéieren an dëse Projet ass e konkret Beispill heifir.

Suessem, als wichtege Bestanddeel vun der Südregioun an als Gemeng, déi sech hirer sozialer Aufgab bewosst ass, ass frou eng Plaz ze schafen déi hëllefe kann d’nohalteg Ëntwécklung an eisem Land unzekuerbelen. Ech soe jidderengem, deen an iergendenger Form mat Responsabel war fir dëse Projet an d’Liewen ze ruffen, auszeschaffen an lo och am Alldag do schafft en décke Merci fir d’Engagement a fir den Asaz. Ech wënschen dësem Projet deen Erfolleg deen e verdéngt an ech invitéieren d’Awunner aus eiser Gemeng an aus der Regioun “Eis Epicerie Zolwer“ luussen ze kommen

Georges Engel, Député-Maire Gemeng vu Suessem