Plastikfräi Liewen

Plastikfräi Liewen – Tipps géint de Plastik Verbrauch

Plastik am Mier, Elekto Schrott, Liewensmëttel Verschwendung. Dreck ass déi ellen Säit vun eisem Konsum an der Gesellschaft.

Mir ginn iech e puer Tricks, wéi dir Dreck kënnt vermeiden. Ausserdem schreiwe mir iech Notzung Zäit vum Produit dobäi.

Liewensmëttel – Notzung Zäit: kuckt de Haltbarkeets Datum

Haltbarkeets Datum ofgelaf? drock Stellen? An Poubelle domat! Wéivill Liewensmëttel mir ewech geheien ass total onnëtz.

Alternative: gezielt akafen, Rechter verbrauchen a richteg lageren –  an sech net vu Haltbarkeets Datum veronséchere loossen. Déi meescht Liewensmëttel halen méi laang wéi drop steet. Ier dir alles ewech geheit, kuckt fir éischt, op de Produit nach gutt richt, gutt ausgesäit oder schmaacht en.

Einweggrills – Notzung Zäit: 3 Stonnen

Fäerdeg-Griller aus dem Supermarché, déi no enger Benotzung entsuergt ginn, gehéieren zu den absurdesten Dreck verursaache iwwerhaapt. Produzéieren vun Aluschuelen brauch vill Energie an d’Mëschung vun de Kuelen Anzünder enthalen meeschtens gesondhëets schiedlech Stoffen.

Alternative: kleng Griller si genau sou liicht fir ze transportéieren an halen méi wei een Owend.

Plastik Fläschen – Notzung Zäit: puer Minutten bis Stonnen

Waasser a Plastik Fläschen brauch kee Mënsch. E groussen Deel vun dëse Fläschen ginn nom eemolegen Gebrauch ënnert héijem Energieobwand ageschmëlzt – en Deel op jiddefall. Bei der Produktioun vu neie Fläschen kennt wäertvoll Erdueleg an den Asatz. Dobäi kann een ouni bedenken bal iwwerall am Land Waasser vum Krunn drénken.

Alternative: Drénk Fläschen benotzen a mat op de Wee huelen -> des kann een ëmmer erëm benotzen oder, Karaffen fir Doheem benotzen oder op der Aarbecht. Oder kaaft Gedrénks aus dem Glas.

Kaffe Kapseln – Notzung Zäit: 60 Sekonnen

Sechs Gramm Kaffi sinn an engem Gramm Aluminium – an no héchstens enger Minutt ass alles un an aus an d’Alu-Kapsel lant an der Poubelle. Esou Kapselen sinn am Verglach zu Fairtrade-Kaffi och nach richteg deier.

Alternative: Fir Kapsel Maschinnen kritt dir ewell opfëll Kapselen, wou dir ëmmer erëm uwenne kennt – hei kenn dir selwer eraus sichen, welleche Kaffi dir an Kapsel maacht an et entsteet keen Dreck. Nach méi nohalteg ass et, Kaffi ganz einfach an der “Frensch Press” oder an der Mokka Kan ze maachen.

Glace am Becher mat Läffel – Notzung Zäit: 5 Minutten

Glace gehéiert zum Summer einfach dobäi. Awer d’Äntwert op d’Fro “Am Becher oder am Kichelchen” sollt ee sech iwwerdenken. De Becher an de Läffel sinn no puer Minutte just nach Offall – deen opwenneg verbrannt oder recycelt muss ginn.

Alternative: Besser Variant de “Kichelchen” huelen oder dir huelt iech Platz an iess är Glace sur Place.

Duschgel & Shampoo – Notzung Zäit: 2-3 Méint

Duschgel & Shampoo ass e klassescht Wegwërf Produkt mä et produzéiert vill Dreck.

Alternative: Nee, dir sollt elo op kee Fall ophalen iech ze wäschen… Kuckt léiwer no Produkter déi Dreck reduzéieren wéi z.B. Seefstécker, des hale laang an kritt een se oft onverpak. Gëtt et mëttlerweil och fir Hoer. Sou verschwënnt dir vill manner Dreck a Plastik.

SAVION

Bréif Reklammen – Notzung Zäit: Null

Ok, d’Notzung Zäit vun Bréif Reklammen leien iergendzwouch tëscht null a fënnef Minutten. Deen se awer vun der Boîte direkt am Poubelle geheit, kann se och direkt ofbestellen.

Alternative: En einfach Schëld mat “Keng Reklamme weg” (och op der Gemeng vu Suessem ze kréien) op Boîte pechen. Soumat dréit een hoffentlech dozou bäi, dass an Zukunft manner Reklammen gedréckt ginn.

Keng-Reklammen-w.e.g.

Liewensmëttel Verpakungen – Notzung Zäit: puer Stonnen bis Wochen

Beim akafen bréngt een wahrscheinlech genau souvill Verpakung mat heem ewéi Liewensmëttel. Déi meescht Liewensmëttel sinn agepak wat eigentlech béi verschidden Liewensmëttel total iwwerflësseg ass.

Alternative: Uebst a Geméis net a Plastikstuten maachen mee an Kierf. Gedrénks, Joghurt a Mëllech am Glas kafen an op verpackungsarm Produkter oppassen. Tipp: Ëmmer méi Butteker verkafen Produkter ouni Verpakung, esou wei och Eis Epicerie.

Vrac

Plastiks Tuuten – Notzung Zäit: 20 Minutten

A bal all Buttek muss een fir eng Plastik Tut bezuelen a vill Leit hunn sech ugewinnt, hier eegen Kierf matzebréngen. Mee nach sinn mir gewinnt, dass beim Shoppen vu Kleeder, Bicher, Elektronik, etc allen an Tuten agepak gëtt. Des Tuten sinn genau sou iwwerflësseg ewéi beim Liewensmëttel akaf.

Alternative: eegen Kierf, Rucksäck, Täschen mathuelen.

Tuuten

Take-Away Verpackungen – Notzung Zäit: 1 Mëttesstonn

Bal jiddereen vun eis wor emol schonn beim Chinese, Italiener em den Eck. Waat bleift zeréck? E bierg voll Dreck: Styropor Boxen, Aluschuelen, Plastik Tuten.

Alternative: Ween méi oft beim selwechte Restaurant bestellt, kann de Patron froen, ob een net seng eegen Box matbrénge kann.

Tampon & Binden – Notzung Zäit: 4-8 Stonnen

Gewéinlech Hygiène Artikel ewéi Tampon a Binden sinn typesch “Einweg” Produkter – a produzéieren e risege Koup vun Dréck.

Alternative: Binden aus Stoff oder “Menstruatiounstasse” kafen. Dës sinn bal Dreck fräi a sinn gesondheetlech Onbedenklech a sinn méi gënschteg.

Moon Pads

Bei eis an der Epicerie, passen mir op, sou man wéi méiglech onéidech Dreck ze hannerloossen. Bei eis kritt dir z.B. KENG Plastik Tuten mee Kierf, eist Uebst kritt dir onverpak ze kafen, mir verkafe Binden aus Stoff, fir de Menu matzehuelen kenn dir är eegen Dëppercher matbréngen, aus dem Vrac vill verschidden Produkter, asw