Liewensmëttel richteg lageren

Gesond akafen – gesond liewen

Liewensmëttel richteg lageren!

 

Wien seng Liewensmëttel richteg well lageren, huet méi dovun … nämlech méi Goût a manner Dreck. Mir ginn Iech hei 10 einfach Tipps

Tomaten hunn d’Keelt guernet net gären  – si verléieren am Frigo schnell hiren Aroma a schimmelen. Lagert des am beschten an engem kille Raum wéi äre Keller zum Beispill. Déi ideal Temperature leit bei +/- 15 Grad.
Falls Dir keen esou ee Raum hutt ass dat net dramatesch, dann ass et nach ëmmer besser, d’Tomaten an engem Raum mat Zëmmertemperatur ze halen ewéi am Frigo. Dëst gëllt och fir aner Geméiszorten mat héijem Waasser Undeel wéi zum Beispill bei Cornichon, Paprika, Zucchini oder Auberginnen.

Brout schimmelt am Plastik!
Ofgesinn dovun, dass ee besser huet keen Brout am Plastik ze kafen, soll een d’Brout an engem loftduerchlässegen Behälter lageren. Déi almoudesch “Broutkëschten” maachen an dësem Fall schonn Sënn. Optimal sinn Gefäße aus Toun, do bléift äert Brout am längsten frësch.

Banannen an Äppel sinn KENG Kollegen!
D’Banannen soll een op kee Fall mat Äppel zesummen leeën – si stoussen Allenzwee de Gas “Ethylen” aus, wat den Zeidegkeet Prozess beschleunegt. Appart d’Banannen stoussen extrem Vill Ethylen aus, dofir soll ee Grondsätzlech des vun Uebst a Geméis trennen. Beid Uebstzorten sinn och net fir de Frigo geduecht.

Erstéckt äre Kéis net am Plastik!
Kéis gehéiert weder an eng Plastik Verpackung nach an eng Loftdicht Verpackung. De Kéis hält sech besser a Loft duerchloosseg Verpakung wéi z.B. e frëscht Duch oder extra Kéis Pabeier.

Iessensreschter NET a Plastik apaken!
Iessensreschter souwéi Uebst/Geméis wat ugeschnidden ass gëtt oft a Frischhaltefolie agepaakt an an de Frigo geluecht – dëst ass eng total Verschwendung vu Plastik! Am beschten paakt Dir alles a kleng Këschten / Dëppercher an, des kenn Dir dono spullen an weider verwennen.  En plus ass dëst en Virdeel: Dëppercher kenn Dir iwwerall mat op de Wee huelen.

Zitrounen souwéi Zitrus Friichten hunn d’Keelt NET gären!
Zitrounen souwéi aner Zitrus Friichten ewéi Orangen oder Mandarinnen verdroen keng Keelt. Leet des dowéinst net an äre Frigo mee lagert des am beschter bei Zëmmertemperatur an dat onverpaakt. Opgeschnidden Zitrus Friichten halen sech bei Zëmmertemperatur eng gutt Woch. Klengen Tipp: am beschten d ‘Säit wou opgeschnidden ass no uewen op en Teller leeën, sou dass se net schimmelt.

Champignone brauchen Loft!
Am beschten lagert een d’Champignone a Pabeiers Tuten oder an engem Duch. Kennen d’Champignon net ootmen, gi se schnell fiicht a gi futti. Ausserdeem soll een d’Champignone net niewent Liewensmëttel stellen déi vill Geroch enthalen, well d’Champignone gären friem Gerécher unhuelen. Ideal wier et , dës schnell verbrauchen well se hale nämlech just e Puer Deeg.

Konserve Dousen léiwer ganz eidel maachen!
Liewensmëttel, déi a Konserve Dousen agemaach sinn, soll een am beschten direkt eidel maachen a keng Rechter an der Dous versuergen. Konserven Dousen gehéieren och net an de Frigo! Aus dem Blech kann ongesonde Zënn an d ‘Liewensmëttel geroden, wat net onbedéngt gesond ass. Op der gewonnener Säit sidd Dir, wann Dir de Recht vun der Dous an eng Këscht /Dëppchen maacht, déi een ëmmer erëm kann benotzen oder an e Glas mat Deckel maacht.