Frigo Guide

logo_newGesond akafen – gesond liewen

Frigo Guide

Uebst, Geméis an Zalot si voll mat wäertvollen Inhalstsoffen – bis se awer bei Iech op den Teller kommen, kann vill dovun verluer goen. Mir soen Iech, wéi dir déi richteg Temperatur an ärem Frigo astellt a soumat är Liewensmëttel richteg lagert.

  1. Déi richteg Temperatur astellen:

Déi optimal Temperatur am Frigo leit bei 7Grad. Déi meescht Geräter sinn ze kal agestallt. Gëlle Regel seet: Wann de Botter net schmiereg ass, ass de Frigo ze kal agestallt. Den ideale gefréier Beräich leit bei -18 Grad. 1 Grad méi bedeit +/- 6 % méi Stroumverbrauch – eng onnéideg Verschwendung.

  1. Op déi richteg Temperatur Zone kennt et un:

Ween méi vun sengem Akaf well hunn, muss am Frigo fir Uerdnung suergen. Mat engem Temperatur Ënnerscheed vun +/- 6 Grad ass et uewen méi waarm ewéi ënnen, well déi kal Loft no ënnen fält. Net all Produkt fillt sech an all Fach gläich wuel a munch Saachen sinn einfach net fir Kält gëeegent.

8 Grad am ieweschte Fach fir Kéis & Co: Mat ongeféier 8 Grad ass dat iewescht Fach optimal fir Kéis, gutt verpaakt Iessreschter, Geréischtertes an réi Ham.

5 Grad am mëttlere Fach fir frësch Mëllech Produkter: Am mëttlere Fach kenn Dir bei 5 Grad Mëllech Produkter wéi Joghurt, Quark an H-Mëllech lageren. Och oppen Uebst a Geméis Glieser gehéieren dohin.

Zwee Grad am ënneschte Fach fir Fleesch a Fësch: Dëst Fach ass mat zwee Grad am killsten an ideal fir liicht verwielech Liewensmëttel wéi Fleesch a Fësch.

8 Grad an den Tiräng fir Uebst & Geméis: Déi gréissten Vitamin “Killer” sinn Liicht, Sauerstoff, Hëtzt a Fiichtegkeet. Di zwee ënnescht Fächer / Tiräng sinn mat 8 Grad fir allerlee Geméis- an Uebst Zorten ausgeriicht (dofir suergt déi Glas Plack déi doriwwer ass). Uebst wéi Aprikosen, Bieren oder Kiischten a Geméis wéi Zalot, Spinat, Muerten, Zelleri a Spargel sinn ideal fir an Tiräng.

Südlech Friichten wéi Mango, Banannen an all Zitroune Friichten gehéieren net an de Frigo. Si ginn schnell brong an ginn soumat méi schnell futti.

Wann Dir Aroma Verloscht bei Geméis wéi Cornichon, Paprika, Zucchini an Tomaten wëllt vermeiden, dann eraus aus dem Frigo domat. Och Gromperen, Knuewelek an Ënnen hunn Kält net gären an kréien ënner Ëmstänn schnell Keimen. Stellt des léiwer an de Keller oder lagert des an donkelt Dëppen.

  1. Weider Tipps zum richteg kal stellen:

Mat folgende Hëllefs Stellungen kenn Dir de Wuesstem vu Mikro Organismen senken an verhënneren, dass är Wuer Vitaminne verléiert.

Raumt är Liewensmëttel direkt nom akaf an de Frigo. Versicht awer äre Frigo dobäi net ze iwwerfëllen, well soss Loft Zirkulatioun an Kill Leeschtung noloossen kennen. .

Opgepasst: Soubal dir Eis am Frigo hutt, erhéicht dat äre Stroumverbrauch!

Stellt är néi Produkter hannert déi al Produkter – Sou iess Dir déi al Produkter fir éischt a vermeit, dass des oflafen.

Maacht är Reschter a frësch Liewensmëttel an e Glas oder Porzeläin Behälter, ofgedeckt mat engem Teller oder Deckel. Sou vermeit dir Fiichtegkeet a Geschmaach Verloscht.

Wann Dir e Keller hutt, dann lagert d ‘Uebst a Geméis, déi kält empfindlech sinn, am beschten do.

Generell ass et besser, äert Uebst a Geméis schnellst méiglech ze konsuméieren. Trotz optimal Konditiounen ginn Nährstoffer wéi Vitaminnen, Mineralstoffen an Ballaststoffe schnell verluer.

Während dem Summer soll een Temperatur am Frigo méi kleng astellen ewéi am Wanter. Passt och op, dass är Frigo Dier richteg zou ass.

Ab und zu de Frigo ausschalten. Ideal wann Dir an Vakanz gitt. Gënnt och ärem Frigo eng kleng “Vakanz” an maacht dësen grëndlech propper an dono aus. Är Stroumrechnung waart sech och freeën 🙂

Tipps vun der Bom

  • D’Haltbarkeet vun de Joghurten a Quark kann ee verlängeren, andeems een Packung, wann se nach zou ass, op Kopp stellt. Sou kennt absolut keng Loft an Produkt.
  • Fir onangenehm Geréch am Frigo ze vermeiden, kenn Dir ganz einfach eng kleng Schossel mat Kaffi Polver an era stellen.

Frigo Guide