frëschen Jus – “Eppelpress”

logo_newGesond akafen – Gesond liewen

frëschen Jus – “Eppelpress”

Am Hierscht ginn Äppel gepléckt. Wat gett alles mat den Äppel hirgestallt?

Mir stellen iech déi verschidden Jus ‘en vun der “Eppelpress” fir.

D’ “Eppelpress” ass een landwiertschaftlech Betrib, aus dem Mëllerdall (Eppelduerf), déi hir Äppel frësch op lëtzebuerger Terrain plécken an dann weider verschaffen. Sie stellen net nëmmen frëschen Äppeljus hir, mäi mëschen hiren Äppeljus mat regionalem Uebst oder Geméis, woubäi ganz vill flott verschidden Goûten entstinn.

  • “Bag-in-Box”

Den Jus ass net ewéi üblech an enger Fläsch verpaakt mäi an enger “Bag-in-Box” . Dëst huet gewëssen Virdeeler fir den Verbraucher ewéi och fir d’ Ëmwelt. Den Jus ass an enger klenger Kartongskëscht an engem “Innenbeutel” verpaakt. Ganz praktesch ass den Zapkrunn. Et muss een also just séin Glas drënner halen an zoudréinen wann Glas voll ass. “Bag-in-Box” suergt fir eng optimal Haltbarkeet vum Jus, well den Jus weder mat der Luucht nach mat Loft an Kontakt kennt. Den Jus hält sech relativ gutt an laang; bis zu zéng Méint wann een ganz zou ass an wann een bis op ass, hält den Jus sech bis zu zwee Méint.

  • Verschidden Zorten Äppeljus

Eis Epicerie huet siwen verschidden Zorten Äppeljus an 3 Liter “Bag-in.Box;

  • Äppeljus
  • Äppeljus mat Schwaarzen Kréischelen
  • Äppeljus mat Sanddorn
  • Äppeljus mat Quidden
  • Äppeljus mat Kiischten
  • Äppeljus mat Hielenter
  • Äppeljus mat Muerten

Loosst iech vun deenen verschidden Goûten vun der “Eppelpress” iwwerraschen. 🙂

Fir weider Informatioun, kenn dir op den Internetsite vun der Eppelpress luussen goen; https://www.eppelpress.lu/home/

img_4866