Nuddel fabrik

eisepicerie_header_nuddelfabrik

Nuddel Fabrik

NUDDELFABRIK
Fabrikant vun artisanal produzéierte frëschen Deegwueren, gouf gegrënnt well vill Clienten ëmmer méi exigent ginn an op der Sichn sinn no frësche Produkter wou d’Qualitéit stëmmt a wou se kënne sécher si wou d’Wuer hirkënnt.
Eis Pâte ginn exklusiv aus Matières première gemeet déi mir streng erausgesicht hunn an déi vun allerbeschter Qualitéit sinn, wéi z.B. nëmme Miel aus haardem Weess, Fleesch aus lokaler Produktioun, frësch Eeër etc. Dat Ganzt ouni Konserveirungsstoffer a kënschtlechen Zousätz fir Goût oder Ausgesinn.

Mir hunn e Cahier des charges opgestallt fir sämtlech Ofleef vun der Produktioun un dee mir eis genee halen, ugefaang beim Eraussiche vun der Wuer, iwwert d’fabrikatiounsprozedur, bis zur Verpackung an der Logistik vum Kalhalen ouni d’Killketten z’ënnerbriechen.
Mir hunn decidéiert eis artisanal produktioun vu frësche Pâten zu Lëtzebuerg ze man a kënnen esou eis Clienten efficace hei am Land an an der Groussregioun beliwweren.
Dowéinst krute mir och e Label Made in Luxembourg.
Eis installatioune gi regelméisseg vum onofhängegen, agrééierten Institut H.A.C.C.P kontrolléiert, fir sécher ze sinn datt eis Prozedur fir Hygiène permanent den aktuellen Normen entspriechen.
Mir presentéiren dem Client haut eng ganz Palette vu Produite vu beschter Qualitéit, souwuel traditionel Platen wéi och nei Kreatioune vun eis.

NUDDELFABRIK ass d’Garantie fir artisanale Knowhow

Nuddel Fabrik
1 Rue de Noertzange
L-3860 Schifflange (Schëffleng)
LUXEMBOURG
Telefon : 26 53 15 93
Eis Büroszäiten
Me. 08:00 – 12:00 13:00 – 17:00
De. 08:00 – 12:00 13:00 – 17:00
Me. 08:00 – 12:00 13:00 – 17:00
Do. 08:00 – 12:00 13:00 – 17:00
Fr. 08:00 – 12:00 13:00 – 17:00
Sa. 09:00 – 17:00

http://www.nuddelfabrik.lu/