Éiweg Haltbar

logo_newÉiweg Haltbar

Verschidde Liewensmëttel halen éiweg – Dofir stellen mir iech haut 8 Liewensmëttel fir, déi bei richteger Lagerung éiweg halen a soumat net an Poubelle musse fléien.

Hunneg – fir ëmmer lecker
Et kann sinn, dass en liicht kristalliséiert, mee rengen Hunneg gëtt net schlecht, op mannst net vun alleng! Den Deckel ëmmer gutt zou maachen, en kill halen an dréchen stellen an oppassen, dass keng friem Kierper am Hunneg landen. Passéiert dat, gëtt en gäer sauer.

Am Fall wou den Hunneg kristalliséiert, hei en Tipp: Stellt den Hunneg fir puer Minutten an de waarme Schäffchen an widderhuelt daat 2-3 mol. Dono misst den Hunneg erëm flësseg.

Reis – onendlech Kären
Reis hält éiweg. Den oflaf Datum kenn dir soumat quasi bei säit loossen. Eenzeg Ausnam: de bronge längelzesche Natur Reis ass wéinst sengem héijem Fettgehalt net fir d’Onendlechkeet geduet.

Am Géigendeel zu Basmati Reis, Wëld Reis, Jasmin Reis, etc halen des bei dréchener a loftdichter Haltung éiweg.

Zocker – fir ëmmer séiss
Den Zocker ass een Produit, deen ni ofleeft. Den Grond: d ‘Bakterien iwwerliewen net am purem Zocker. Leider gëtt en awer oft haart, wann Fiichtegkeet dru kennt. Also ëmmer drun denken, den Deckel fest zou ze maachen.

Drëppen – einfach net kapott ze kréien
Dës si jo eng keng nei News 🙂

Ewéi di meescht vun iech wëssen, sinn Drëppen dee bekannsten Produit, deen éiweg gutt ass. Mee wosst dir och, dass souguer beim widderhuelten opmaachen vun enger Fläsch Drëpp, den Aroma eréicht no ganz laanger Zäit verschwënnt?

Ahorn Sirop – onstierfleche Nektar
Ahorn Sirop ass net nëmmen mega lecker, mee beim lageren an der Truh hällt dësen éiweg. Setz dir den Sirop nom opmaachen an de Frigo, verlängert sech säin Haltbarkeet Datum enorm.

Wäisse Wäin Esseg – Eiweg sauer
Esseg, genau gesot destilléierten wäisse Wäin Esseg geet net em. En ass Perfekt fir Zosen, Marinaden oder Dressing ze maachen. Einfach ganz fest zouloossen an e kill an donkel verstauen an no ville Joren ass en nach ëmmer gutt sauera benotzbar.

Mais Stärke – verdéckungs Mëttel
Mais Stärk gëtt ugewannt fir all méiglech Flëssegkeeten ze verdécken. Hutt dir eng Zooss, déi iech ze flësseg ass, maacht e bëssen Mais Stärk dobäi a schonn hutt dir eng déckflësseg Zooss. Fest verschloss hält Mais Stärk e Liewe laang.

Salz – wierzen fir ëmmer
Salz gëtt nimools schlecht a verléiert och ni seng Wierkung. Haalt Salz am beschten dreschen a gutt verschloss. Kënnt nämlech Waasser drun verursaacht dat Klompen.

🙂