E Liewen ouni Plastik

Gesond akafen – gesond liewen

E Liewen ouni Plastik

14 einfach Tipps déi jiddereen kann ëmsetzen – Mir all sollten et ab und zu versichen

Plastik mëscht eist d’Liewen heiansdo méi einfach, zerstéiert awer eise Planéit. Fir de Plastik komplett aus eisem Alldag ze verbannen ass bal onméiglech, trotzdeem kann ee Plastik ganz einfach ersetzen. Eis Epicerie Zolwer wéist Iech, wéi een ouni Plastik liewen kann.

Coffee to go
Déi meescht Becheren bestinn baussen aus Kartong, hunn awer bannen eng kleng Plastik Schicht an den Deckel ass souwisou bal ëmmer aus Plastik. Vill ze vill Plastik gëtt dobäi verschwënnt an hannerléisst e grousse Koup Dreck. Gräift am beschten op Thermo Becher / TO GO Becher zeréck, dësen kann een ëmmer nofëllen, egal mat wéi engem Gedrénks. Natierlech kenn Dir Iech och Plaz huelen, an äre Kaffi an der Taass drénken – e liewen ouni Plastik, wéinstens beim Kaffi.

Seef am Stéck
Flësseg Seef ass praktesch a bequem. Leider bestinn déi meescht Seefe Spender aus Plastik, déi dono an d’Poubelle fléien. Besser ass et, et keeft ee d’Seef am Stéck, déi net am Plastik verpak ass.

Biologesch Ofbau Zännbiischten
Hutt Dir schonn emol nogeduecht, woumat mir eis all Dag d’Zënn wäschen? Fir all déi, wou op Plastik am Mond wëllen verzichten kënnen op op eng biologesch Ofbau Zännbiischt zeréck gräifen. Iwwregens gëtt et och Zahnseide aus natierleche Materialer ewéi Seid oder Beie Wuess ze kafen, ganz ouni Plastik.

Waasser vum Krunn anstatt Plastik Fläschen
Waasser a Plastiks Fläschen muss wierklech net sinn. E Liewen ouni Plastik ass hei ganz einfach -> Drénkt Krunnewaasser. Ouni Bedenken kann een dat drénken. Wien op eng Gedrénksfläsch zeréck gräift, spuert hei souguer nach méi Plastik Dreck.

Kachläffel aus Holz
Wat sprécht eigentlech géint der Boma seng hëlzen Kachläffelen? Vill Leit halen Plastik fir méi hygienesch wat net onbedéngt stemmt well am Plastik Läffel sech oft kleng Partikel a Schuedstoff léisen, déi dann an eisem Iessen landen. Holz ass manner problematesch an der Hierstellung an beim entsuergen, se halen oft méi laang a si ginn keng ongesond Stoffe fräi.

Bal plastiksfräi Raséierer
“Einweg” Raséierer benotz hoffentlech kee méi – Bierger vun Dréck entstinn doduerch wat total onnéideg ass. Leider produzéieren och “normal” Plastik Raséierer Dréck. Alternativen fir e Liewen ouni Plastik ass en Raséierer aus Holz oder Metall . trotz dass een hei och ab und zu muss d’Gillette auswiesselen, trotzdeem entsteet esou wesentlech manner Plastik Dréck.

Amaachglieser benotzen
Amaachglieser kennen zum Beispill Frischhaltefolie, Alufolie, Plastik Tuten oder bëlleg Plastiks Dousen ersetzen. All d’Liewensmëttel kennen doran gelagert ginn, d’Mëttegiessen kann domat transportéieren ginn oder et kann e se ganz einfach als Uerdnung System fir kleng Chrom benotzen.

Hygiène fir Dammen ouni Dréck a Plastik
Keen denkt gären doriwwer no mee Slipeinlagen oder Tampons produzéieren Biergweis Plastik Dréck. Dobäi ginn et wierklech méi sënnvoll Alternativen ewéi Menstruatiounstasen. Des bestinn aus Silikon a kennen Jore laang verwennt ginn. Ganz plastiksfräi sinn och wäschbar Binden oder Slipeinlagen aus Bio Bamwoll.

Mëllech a Jughurt am Glas
Mëllech keeft een eigentlech ëmmer am Kartong souwéi de Jughurt am Plastik Becher. Des Mëllech Produkter kritt een och am Glas ze kafen. Passt hei just op Hierstellung op, dass des och regional sinn.

Shampoo & Duschgel
Hoer oder Kierper Seef sinn quasi all an Plastik Fläschen gefëllt. Perfekt Alternative fir ganz op Plastik ze verzichten sinn Natur Seefen déi een onverpaakt kafen kann.

Geméis ouni Verpackung a Plastik
Et ass total schwaachsënneg, frësch Liewensmëttel ewéi Uebst a Geméis a Plastik anzeschweessen oder ze verpaken. Tonnen Dréck entseet wat total onnéideg ass a virun allem ass et och net appetitlech. Fir d’Ëmwelt an d’Gesondheet ass et besser, Geméis an Uebst onverpaakt ze kafen oder héchstens a Pabeier. Tipp: a groussen Supermarchéen kritt een d’Bio Geméis verpak net sou wéi a Bio Butteker, do ass dat ganz Uebst a Geméis onverpaakt.

Brout Dousen, Glas an Holz
Wien säin Iessen an Dousen mat op de Wee hellt spuert Dréck a mëscht schonn villes besser. Schonn laang ginn et och Plastiksfräi Alternativen zu der Dous. Des ginn et mëttlerweil och aus Edelstahl, Glas a souguer aus Holz.

E moderne Kuerf anstatt eng Plastiks Tut
Plastikstuten sinn e ganz groussen Problem fir eis Ëmwelt, dat misst haut zu Daags jidderengem kloer sinn. Déi bescht Alternative sinn stoffe Kierf – des kann ee praktesch an d’Posch stiechen an bei engem spontane Akaf verwennen. Och beim Shopping ewéi vu Kleeder, Deko, asw kann een op de Kuerf zeréck gräifen a verzicht domat op Plastikstuten.

Fäerdeg Iessen vermeiden
Déi meescht fäerdeg Iessen enthale net nëmmen kënschtlechen Zousazstoff, verstopptene Zocker mee och nach Konschtstoff. Gesond a lecker ass eppes anescht. Déi Dir an der Ëmwelt eppes Guddes a kach léiwer selwer a frësch.