E gesonden Pause Snack

logo_newGesond akafen – gesond liewen

E gesonden Pause Snack

Fir d’Schüler ass d’grouss Vakanz wéi ëmmer erëm vill ze schnell eriwwer gaangen. Lues a lues ginn mir op d’Rentrée zou. Fir fit a gesond duerch dat néit Schouljoer ze kommen, gehéieren verschidden Leckereien an Brout Box. Mir stellen iech déi wichtegst Komponente fir e leckeren a nahrhafte Pause Snack fir.

Mat engem vollwäertegem zweete Mueres Iessen aus der Brout Box – bei vereenzelter dat éischt Mueres Iessen 😉 – vermeit een de Verloscht u Leeschtung an Konzertatioun Schwächen. Just esou kritt de Kierper déi néideg Nährstoffer an soumat déi néideg Energie, wat de Schüler fir d’léiere brauch.

Des Komponente gehéieren am beschten an d’Brout Box:

  1. Basis

Vollkorn Bréidercher oder vollkorn Brout: Mat Vollkorn Produkter klëmmt den Blutt Zockerspigel nom Iessen ganz lues an fält duerno net rabiat an de Keller, am Géigendeel vun gezéckerte Bréidercher oder Brout. Duerch de Vollkorn bleiwen soumat Wäerter vum Blutt Zocker konstant, sou dass Gehir andauernd an laang Zäit mat Energie versuergt gëtt.

  1. Fir op Schmier

Charcuterie Produkter: Salami, Ham, Lioner etc… Dëst am beschten am LIGHT oder am Fett Aarme kafen. Charcuterie Produkter liwweren dem Kierper ënnert anerem Eewäiss, Eisen a verschidden Vitaminne vun der Grupp B, déi fir d ‘Reaktiounen vum Stoff Wiessel am Kierper zoustänneg sinn.

Keis Produkter: Haarde oder leefegen Keis sollen maximal 50 % Fett enthalen. Keis gëtt et a ville Formen an Konsistenten. Egal op haart oder mëll: Keis Produkter versuergen de Kierper mat essentielle Aminosaier.

Vegetareschen Opstrëch: Dës Opstrëch liwweren dem Kierper vill Eewäiss a vill B-Vitaminne. Dorënner och Folsaier, deen fir den Wuesstem Prozess wichteg ass a bei der Zell Deelung eng Roll spillt.

  1. Gedrénks

All Kand weess, dass Waasser wéi en  Zaubertrank fir Liewen ass. Fir den Duuscht am beschten ze lëschen eegent sech Waasser oder Kraider Téi. Och Schorlen an der Mëschung vu Waasser an Jus eegent sech fir ze drénken. An der Limonad oder a Jus ‘en ass leider meeschtens vill ze vill Zocker dran. Dës Produkter liwweren zwar schnell Energie, mee den Duuscht ass domat net gestëllt.

  1. Snack

Uebst: D’ Uebst enthält eng uerdentlech Portioun un Vitaminne, Mineralstoffer, Ballaststoffer an sekundär Pflanzstoffer. Duerch déi gëtt Imunsystem gestäerkt an vermeiden Entzündungen. Tipp: Am beschten ëmmer no der Saison vum Uebst kucken.

Geméis: Am beschten wielt een all Dag eng aner Zort Geméis aus, déi een an d’Brout Box mëscht. Sou hutt dir vill Ofwiesslung a kritt net mat eppes d’Flemm. Geméis versuergt den Kierper mat Ballaststoffer, Vitaminne an vill Mineralstoffer. Dëse Kalorie aarmen an knackege Snack nascht sech ganz gutt.

Mëllech a Mëllech Produkter: Mëllech a Mëllech Produkter ewéi Joghurt oder Quark enthale ganz vill Eewäiss souwéi Calcium a Mineralstoffer. Dës stäerken eis Schanken an si wichteg fir gesond Zänn. Uebst- oder Kanner Joghurt déi een am Super Marché ze kafen kritt, hunn oft vill ze vill Zocker, wat de Snack als Séissegkeet gelte léisst. Als lecker Alternative kann ee Natur Joghurt huelen an des mat sengen lieblings Friichte vun der Saison mëschen.

Nëss: An deene meeschte Nëss befënnt sech en héijen Deel un ongesiedegt Fett Saieren, wat sech positive op Gesondheet auswierkt. Vill Vitaminne an Mineralstoffer sinn an de Nëss dran. Déi sinn super fir Entwéckelung vum Gehir a vum Nervesystem.

E séisse Snack fir an Brout Box? d’Schneekerte hunn Opstrëch wéi Hunneg, Gebeess a Kompott ganz gären, mee fir e gutt Mueres Iessen an der Box sinn dës leider net ze recommandéieren. Dat selwecht gëllt fir Schockla, Kamellen oder anert séisst Geschir. Si enthale zevill Energie a Form vu Fett an Zocker an vill ze wéineg Vitaminne, Mineralstoffer an Ballaststoffer. Dëst féiert dozou, dass den Zocker Spigel nom konsomméieren ganz schnell klemmt, awer genau sou schnell erëm fält a wat Konsequenzen fir Leeschtunge gëtt. Dowéinst soll een dëst net onbedingt an Box maachen.

An der Epicerie kritt dir Allerhand Produkter fir e Pause Snack, déi gesond sinn an déi  super an eng Brout Box passen 🙂

Frühstücksdose oder Brotbüchse mit gesundem Frühstück, Vollkornbrot, Früchte, Gemüse, Müsliriegel. Symbolbild für gesundes Essen.