ChariTea

Gesond akafen – Gesond liewen

ChariTea

D’ChariTea’s ginn an Däitschland produzéiert, si vegan a bestinn aus deene beschten, biologeschen a fairgehandelten Produit’en. Dofir gi fir des Produit’en méi héich Präisser bezuelt, wéi de Weltmarché se virschreift an domat gëtt eng gerecht a mënschewierdeg Landwirtschaft ënnerstëtzt. Mam Verkaf vun all Charitea geet e feste Betrag un Lemonaid & ChariTea e. V. Bis elo konnte méi wéi 3.000.000 € fir Schoulen, Solarprojet’en an vill aner Initiativen a Südafrika, op Sri Lanka an a Latäin Amerika gesammelt ginn.