BubbleLumba

eisepicerie_logo

Gesond akafen – gesond liewen

“BubbleLumba”

Eis Epicerie invitéiert iech häerzlechst op eisen nächsten After Work “BubbleLumba”

Special Guest ass “Lili’s bubble dreams” vu Lamadelaine déi iech eng flott Presentatioun vun hire selwer gemaachte biologesche a planzleche Seefen mëscht.

Ausserdeem erwaarden iech flott Corbeillen, Leckerein ewéi eise selwer gemaachten Lumumba, frësche Schocki fir Grouss a Kleng, eis Happy Hour, lecker Degustatiounen a vill méi…

Fir gutt Stemmung ass gesuergt

Kommt laanscht an drénkt mat eis e Patt a feiert mat eis an de Weekend eran.

Mir freeën eis op äre Besuch 🙂

affiche-bubblelumba