Brout ouni Gluten & Vegan Kuchen

Gesond akafen – gesond liewen

Brout ouni Gluten & Vegan Kuchen

 

BROUT OUNI GLUTEN

Dir hutt eng Glutenintoleranz a géift gäre Brout iessen, wat net industriell hiergestallt gëtt oder wat keen agepaakt Produkt ass?Bei EIS EPICERIE ZOLWER sidd Dir dann genau richteg 🙂

Mir verkafe eng Vilfalt vu Broutzorten, déi al Dag frësch gebak ginn an déi zum Deel nach Glutefräi sinn. Gären kenn Dir och äert Brout bei eis bestellen 🙂 Zur Auswiel hu mir

  • hellt Brout
  • Brout mat Kären
  • Brout mat Nëss
  • Brout mat Gromperen
  • Brout mat Kürbis
  • Brout mat Muerten (Wuerzelen)
  • Brout mat Kakao

VEGANE KUCHEN

Dir ernäert Iech vegan oder spillt mat deem Gedanken, op eng vegan Ernierung ëmzestellen, sief et aus ideologeschen oder aus gesondheetleche Grënn, oder Dir wëllt einfach eng ofwiesslung an eppes neies ausprobéieren?

Da kommt elo bei eis a probéiert emol eis vegan Kuchen am Restaurant vun der Epicerie oder bei enger Taass Kaffie/Téi. Natierlech kënnt der och e ganze Kuch bestellen. Mir kënnen Iech e grousse Choix ubidden, sief dat mat Uebst, veganem Schockela, Tofu, Wuerzelen oder Zuccini. Dir wäert iwwerrascht sinn, wéi villfälteg vegan Kichen ka sinn.