Bio – Eeër

logo_new Gesond akaafen – gesond liewen

Bio – Eeër

Haut stellen mir iech Bio-Eeër aus der Epicerie fir an erklären iech, wéi een e Bio Ee erkennt a ginn iech kleng Tipps.

Bio-Eeër aus der Epicerie kommen vum “Naturhaff”, een landwiertschaftlechen Familljebetrib vun Déierbech aus Lëtzebuerg deen sech just op Bio Wueren baséiert. Säit 2006 beschäftegt Si sech mat der biologescher Landwiertschaft. Nieft den Hinger bedreiwen si och Kéi, Schof, Schwäin, Beien a Päerd. Ausserdem beschäftegen Si sech och mam Ubau vun Gromperen, Äppelbeem, Weizen, etc. Dir wëllt méi iwwert dëse Betrib gewuer ginn, dann klickt op folgende Link: www.naturhaff.lu

Wéi erkennt een e Bio-Ee?

Bio-Eeër loossen sech op den éischten Bléck net vun aneren Eeër ënnerscheeden. Maacht Verpakung op an kuckt op de Code deen um Ee steet. Dëse Code erkläert iech, wéi Hinger gehalen ginn:

  • 0 = Bio Haltung (-> Bio-Eeër)
  • 1 = Land Haltung
  • 2 = Buedem Haltung
  • 3 = Käfeg Haltung

Hannert dem Code steet Land geschriwwen, vu wou Hinger kommen an e Code deen fir de Betrib relevant ass.

Wisou Bio-Eeër kafen?

Bio Hinger liewen um fräie Land an sinn soumat net a klengen Käfeger agespaart. Si kréien just Bio Fudder anstatt Industriellt Fudder ze friessen. Wann Hinger am Stall sinn, muss dësen mat gëeegent Stréi Material gefëllt sinn an hunn genuch Platz op hire “Sëtzplaze” Weider Normen kenn dir hei liesen, wéi e Bio Stall muss gëeegent sinn: http://www.ivv.public.lu/beratung/weinbau/oekoweinbau/richtlinien_biolabel.pdf

Projet Naturhaff

De Naturhaff huet en super flotten Projet: De mobille Stall!

Dëst bedeit dass Hinger regelméisseg op eng nei Wiss kommen wat zum Virdeel mat sech bréngt, dass si ëmmer néi Wiss, frëscht Fudder a Waasser an eng néi Platz hunn fir ze schlofen.

An der Epicerie kritt dir Eeër och am eenzelne ze kafen. Gären kenn dir eng al Eeër Këscht vun Dohem matbréngen an des ëmmer erëm verwennen fir Eeër ze kafen. Selbstverständlech kritt dir awer och Këschte bei eis an der Epicerie.

Tipps

Fir ze kontrolléieren, op äert Ee nach gutt ass, muss dir e Glas mat kalem Waasser fëllen an d’Ee an Glas leeën. Geet d’Ee ënner, ass dee nach gutt fir Iessen – schwëmmt d’Ee uewen um Glas, dann direkt an de Kompost domat.

Fir ze kucken, op d’Ee réi oder schonn gekacht ass muss dir äert Ee einfach just dréinen. Dréint et schnell, ass d’Ee gekacht, dréint et komesch a flappeg dann ass äert Ee réi 😉

naturhaff-eer